Philosophie

Lou’s philosophy and Oekosoph‘s concept are straight forward: organic (as many as possible) and regional products, vegetarian and vegan recipes.

Logically the latter are a priority on the menu: eating less meat and more vegetables is essential from different point of views, including animal welfare and climate protection, sustainable agriculture, respect for Third World causes and, last but not least, physical health.

The meat on offer meets clear quality criteria: it is not only organic, but also respects a sustainable eating philosophy called „nose to tail “, meaning that whole animals are transformed into something delicious, also game.

We clearly support sustainable hunting in line with clear animal welfare criteria. Our suppliers are responsible hunters that privilege hunting by stalking, employing on the move techniques.

Lou Steichen, firwat kommt Dir grad an den Oekosoph? Wéi ass dee Choix ze erklären?

Wéi den Oekozenter gebaut gouf an e Bistro dra komme sollt, hätt et mech schonns deemools interesséiert an d’Stad ze kommen. Nodeems ech elo mäi Bail zu Angelduerf vum “Äppel a Biren” net méi verlängere konnt, hunn ech mech missen no eppes Neies ëmkucken. An do koum mir dës Geleeënheet grad giedlech.

Wat ass d’Grondphilosophie vun Ärer Brasserie? Ärer Leidenschaft um Kachen?

Ech versichen dat, wat ech zu Angelduerf gelieft hunn, lues a lues och hei an der Stad ëmzesetzen. Ech hu probéiert no folgender Philosophie ze schaffen: bio a regional, Slowfood, from nose to tail. Elo ass awer mol Summerzäit mat eiser Terrassekaart a fir de Wanter iwwerleeën ech mir nach e puer Saachen

Läit Iech awer och vegetaresch a vegan kachen? Als leidenschaftleche Vertrieder vu “nose to tail” ass dat jo net esou üblech, oder?

Éischtens ass et esou, datt meng Fra schonns zënter laangem vegetaresch ësst an ech och doheem de Kach sinn. Zweetens huet och e Geméis e Kapp an e Schwanz. Ech kache genau esou gäre mat ewéi ouni Fleesch. A wann e Rezept och vegan ze kachen ass; nach besser. Nom Motto: wëll – vegetaresch –  vegan.

Dir loosst och nach Kachcoursen zou am Oekosoph an och déi éierenamtlech Equipe vum Mouvement Ecologique extra Veranstaltunge resp. de Bistro Mëttwochs owes féieren. Dat ass awer onüblech fir e Kach, oder?

Schonns, mee et arrangéiert mech och. Ech hu 5 kleng Kanner doheem a meng Fra an ech deelen eis d’Erzéiung vun de Kanner gläichméisseg op. Ech hunn och grousst Versteesdemech, datt d’Equipe vu Volontairen, déi bis ewell esou gutt zesumme geschafft an den Oekosoph opgebaut hunn, wëll zesumme bleiwen a fanne flott wa weider Veranstaltunge sinn.

 

Kommt laanscht an déi besonnesch gemittlech Brasserie mat der aussergeweinlecher Terrasss.