Neies aus dem OekoSoph

Nodeems mir am Abrëll 5 Joer OekoSop mam Lou gefeiert hu, stierze mir eis elo erëm mat vollem Elan an d’Summersaison.

Mir se prett. Waarden di mer op gutt Wieder!

Am Service gi mir dëst Joer duerch den Tim ënnerstëtzt.

Mëttes hu mir wei ëmmer eise Lunchbuffet fir déi hongereg Leit. Do fannt Dir ëmmer eng oder mei vegetaresch/vegan Optiounen.

A natierlech mat engem groussen Zalotenbuffet derbäi.

Ab elo verwinnt eis Kiche Iech elo awer och Owes mat enger Hand voll verschiddene Flueden (Tarte flambée) mat Speck oder Champignone, mat Kéis; Saumon fumé oder mat Geessekéis.

Do dernieft ginn et och dem Lou seng bescht Kniddelen mat Speck, Moschter oder Kachkéis… an eisem Zalotenbuffet.

Hei nach mol eis Zäite wei mer op hu:

· Dënschdes Mëttes

· Mëttwochs de ganzen Dag;

· Donneschdes a Freides och de ganzen Dag, ausser et ass schlecht Wieder, da bleift den Oekosoph owes awer zou. Samschdes a Sonndes mëttes (och do gëllt, ausser et ass schlecht Wieder).

An zum Schluss nach eppes Perséinleches:

Ech kréien dëst Joer meng 60 Joer a meng gutt Fra mengt et géif Zäit ginn esou lues d’Schiertech un de Nol ze hänken an sech doheem em eis vill Kanner ze këmmeren.

Nujee, also ee Joer op mannst bleiwen ech iech nach erhal. Dat nächst Joer mat der LUGA an eiser schéiner Stad schéngt ganz interessant a flott ze gi, an dat well ech dach net verpassen.

Bis geschwënn am OekoSoph

Lou

Kommt laanscht a schmaacht

 

Äre regionale Restaurant aus dem Pafendall…

…mat Produiten aus der biologëscher sou wéi Solidarischer Landwirtschaft an dem Haff a Sewen – naturno a regenerativ hei zu Lëtzebuerg produzéiert.

Sie suchen einen gemütlichen Ort in Luxemburg zum Verweilen und Entspannen? Für die Mittagspause, zum “After-Work”, vor oder nach dem Kinobesuch? Oder um mit Freunden abends entspannt zu speisen? Ein Lokal, in dem neben Fleischgerichten auch viele vegetarische und vegane Speisen angeboten werden? Dies Alles nach dem Motto „Slowfood“ – “from nose to tail”; regional und saisonal; no waste!? Dann ist die Brasserie “Oekosoph” im malerischen Pfaffenthal die richtige Adresse für Sie.

Das Haus besticht aber nicht nur durch seine Speisekarte und die attraktive Location, sondern auch durch sein originelles Konzept. Professionell geleitet wird es von Lou Steichen (früher „Aeppel a Biren“), jedoch z.T. auch von einer Gruppe engagierter, ehrenamtlicher Mitglieder des Mouvement Ecologique.

Die Einrichtung des «Oekosoph» entspricht einem kreativen Wiederverwertungskonzept. Hier wurden alte Café-Möbel wieder verwendet und in ein modernes Ambiente integriert.

Die Lage (quer gegenüber vom “Sang a Klang”) besticht durch seine sonnige Terrasse mit Blick auf die Alzette, den Park “Odendahl”, die Oberstadt und den Bockfelsen. In 10 Minuten mit dem Panoramalift von der Oberstadt (z.B. Parking Glacis) zu erreichen! Vom Kirchberg mit dem “Funiculaire” oder der Zughaltestelle im gleichen Zeitraum zu Fuß! Ein Besuch lohnt sich!